Image

FLDE - Fédération Luxembourgeoise des Échecs

1 day 5 hours ago

Gëschter gouf op der Generalversammlung vun der FLDE en neie Verwaltungsrot gewielt. Ee Member huet sech net méi opgestallt, nämlech den Emile Rota. D‘FLDE seet dem Emile Merci fir säin Engagenent iwwert déi lescht Jore, besonnesch fir déi zwee lescht Joer, wou hien d‘Tâche vum Techneschen Direkter exzellent erfëllt huet. ————- Yesterday, at the General Assembly of the FLDE, a new Board was elected. One member did not stand for re-election, namely Emile Rota. The FLDE thanks Emile for his commitment over the past years, especially for the last two years, during which he carried out the role of Technical

FLDE - Fédération Luxembourgeoise des Échecs

2 days 5 hours ago

Last but not least komme mer bei eis Veteranen, déi d'lescht Woch zu Déifferdeng em den Titel gespillt hunn. 16 Spiller waren an engem interessanten Turnéier dobäi, an um Enn konnt de Jean-Marie Weber sech mat 5,5/7 Punkten dësen Titel sécheren. 🥇Jean-Marie Weber (Dummeldeng-Beggen) 🥈Paul Oberweis (Iechternach) 🥉Ivan Sorensen (Déifferdeng, 3. de la Fédération) 🥉Fernand Stirn (Schëffleng, 3. 🇱🇺) Resultater: s3.chess-results.com/tnr1352101.aspx?lan=1&art=1&rd=7&SNode=S0 ----------------- Last but not least, we come to our veterans, who competed for the title last week in Differdange. Sixteen players took part in an interesting tournament, and in the end Jean‑Marie Weber secured the title with 5.5/7 points.

FLDE - Fédération Luxembourgeoise des Échecs

2 days 12 hours ago

Nei Erausfuerderungen bedeiten och, nei Partenariater anzegoen. 🤝 Dofir si mir besonnesch frou, mat der CMCM e staarke Partner un eiser Säit ze hunn – een, deen eis Aktivitéiten zukunftsorientéiert ënnerstëtze wäert. Virun allem fir d’Organisatioun vun der Nationaldivisioun am Interklub‑Championnat spillt dëse Partenariat eng entscheedend Roll an hëlleft eis, d’Strukturen nach weider ze stäerken. Mir freeën eis op eng Zesummenaarbecht, déi nei Impulser setzt a vill Méiglechkeeten fir eis héchsten Divisioun am Championnat opmécht. 💙✨ -------- New challenges also mean seeking out new partnerships. 🤝 That’s why we’re especially pleased to welcome CMCM as a strong partner by our

FLDE - Fédération Luxembourgeoise des Échecs

3 days 6 hours ago

Zum Ofschloss vun eiser Série mat de Jugendchampionen komme mer elo bei d'Kategorie U20. An dëser Altersklass, wou 14 Spiller aus de Kategorien U18 an U20 an engem eenzegen Turnéier regroupéiert gespillt hunn, huet sech de Matthieu an engem spannenden Turnéier mat 4,5/5 Punkten duerchgesat. 🥇Matthieu Zeihen (Iechternach) 🥈Axel Plard (Déifferdeng) 🥉Ahamed Asif Rajap (Schëffleng, 3. de la Fédération) 🥉Pablo Ortiz Bogdanov (Déifferdeng, 3. 🇱🇺) Resultater: s2.chess-results.com/tnr1352099.aspx?lan=1&art=1&rd=5&SNode=S0 ------------ To conclude our series featuring the youth champions, we now move on to the U20 category. In this age group, where 14 players from the U18 and U20 categories competed together in

FLDE - Fédération Luxembourgeoise des Échecs

3 days 13 hours ago

Haut blécke mer op d'U16-Kategorie bei der Jugendmeeschterschaft zu Déifferdeng. Mat 21 Participanten war och dës Kategorie gutt besat. Wärend 6 Ronnen gouf et e spannend Kapp-u-Kapp-Rennen tëscht dem Samyukta an dem Dmitry - bis no der 7. Ronn d'Samuykta eleng un der Spëtzt loung a sech mat 6.5/7 Punkten den Titel séchere konnt. 🥇Samyukta Sivashankar (Déifferdeng) 🥈Dmitry Kostyukovich (Stroossen) 🥉Adwaye Meher (Déifferdeng) Resultater: s2.chess-results.com/tnr1352098.aspx?lan=1&art=1&rd=7&SNode=S0 ------------ Let’s take a look at the U16 category at the Youth Championship in Differdange. With 21 participants, this category was also very well represented. Over the course of 6 rounds, we had an exciting

FLDE - Fédération Luxembourgeoise des Échecs

4 days 6 hours ago

Weider geet eisen Tour vun de Medaillegewënner bei der Jugendmeeschterschaft mat den U14, wou 23 Spiller dobäi waren. Mat 6,5 vu 7 méigleche Punkten huet den Nicola d'Turnéier fir sech entscheed. 🥇Nicola Luppi (Bartreng) 🥈Dario Macia Tell (Bartreng) 🥉Johnny Guo (Schëffleng) Resultater: s1.chess-results.com/tnr1352097.aspx?lan=1&art=1&rd=7&SNode=S0 ---- Our tour through the medal winners at the Youth Championship continues with the U14 category, which featured 23 players. With an impressive 6.5 out of 7 possible points, Nicola secured the tournament victory. 🥇 Nicola Luppi (Bertrange) 🥈 Dario Macia Tell (Bertrange) 🥉 Johnny Guo (Schifflange) Results: s1.chess-results.com/tnr1352097.aspx?lan=1&art=1&rd=7&SNode=S0

FLDE - Fédération Luxembourgeoise des Échecs

4 days 14 hours ago

No den U8 an U10 komme mer dann elo bei d'U12-Kategorie. An dëser Kategorie ware 24 Spiller zu Déifferdeng dobäi, an hei kann een och vun enger klenger Iwwerraschung schwätzen. Den Olaf huet net just den Titel gewonnen, mee huet och als eenzege Spiller iwwerhaapt bei dëse Meeschterschaften 7 vu 7 méigleche Punkten erreecht. 🥇Olaf Guzdziol (Bartreng) 🥈Hamza Esmer (Stroossen) 🥉Ivan Kostyukovich (Stroossen) Resultater: s2.chess-results.com/tnr1352096.aspx?lan=1&art=1&rd=7&SNode=S0 ------------------------ After the U8 and U10, we now move on to the U12 category. In this category, 24 players took part in Differdange, and we can definitely speak of a small surprise here. Olaf didn’t

FLDE - Fédération Luxembourgeoise des Échecs

5 days 7 hours ago

No den U8 de Moie presentéiere mer déi nächst Medaillegewënner vum Jugendchampionnat, dee gëschter zu Déifferdeng op en Enn gaangen ass. An der U10-Kategorie - mat 27 Participanten - huet den Nikolai sech kloer duerchgesat a stoung schonn eng Ronn viru Schluss als neie Champion ënner 10 Joer fest. 🥇Nikolai Solovev (Bartreng) 🥈Shrishti Sivashankar (Déifferdeng) 🥉Mithran Mahendran (Déifferdeng) Resultater: s3.chess-results.com/tnr1352095.aspx?lan=1&art=1&rd=7&SNode=S0 ---------------------------- Following the U8 results this morning, we now present the next group of medal winners from the youth championship, which concluded yesterday in Differdange. In the U10 category — with 27 participants — Nikolai delivered a dominant performance and

FLDE - Fédération Luxembourgeoise des Échecs

5 days 12 hours ago

Gëschter sinn zu Déifferdeng d'Meeschterschaften an der Jugend no zwee ustregende Weekender mat villen interessante Partien zu Enn gaangen. Am ganzen waren 123 Jugendspiller am Asaz, an och 16 Veteranen, déi iwwert déi ganz Woch gespillt hunn. Mer kucken elo op déi eenzel Medaillegewënner, an ufänke wäerte mer mat der U8-Kategorie. Bei de Jéngsten war déi fir deen Alter schonn impressionant Unzuel vu 14 Spillerinnen a Spiller dobäi. Mam Maximum vu 5 Punkten huet de Philipp d'Turnéier kloer gewonnen: 🥇Philipp Osmolovskii (Stroossen) 🥈Thanvik Mohanraj (Déifferdeng) 🥉Luisa Frisch (Bartreng) Resultater: s3.chess-results.com/tnr1352094.aspx?lan=1&art=1&rd=5&SNode=S0 --------------------------------- Yesterday in Differdange, the youth championships came to an

FLDE - Fédération Luxembourgeoise des Échecs

1 week 6 days ago

Dësen an nächste Weekend ginn zu Déifferdeng d‘Eenzelmeeschterschaften bei der Jugend an de Veteranen mat iwwer 100 Participanten gespillt. All d‘Resultater: chess-results.com/fed.aspx?lan=0&fed=LUX Dëst Joer gi souguer verschidde Partien live iwwerdroen: lichess.org/broadcast/championnat-individuel-des-jeunes-2026/round-2/dKwsJhOr#boards ————————- This and next weekend, the individual championships for youth and veterans are being played in Differdange, with over 100 participants. All results: chess-results.com/fed.aspx?lan=0&fed=LUX This year, several games are even being broadcast live: lichess.org/broadcast/championnat-individuel-des-jeunes-2026/round-2/dKwsJhOr#boards

FLDE - Fédération Luxembourgeoise des Échecs

2 weeks 4 days ago

D'FLDE organiséiert de 7. Mäerz e B-Arbitercours fir zukünfteg B-Arbiteren (mat engem Examen de 14. Mäerz) a fir déi aktuell B-Arbiteren (fir d'Arbiterlizenz ze verlängeren). De Cours gëtt op lëtzebuergesch gehalen.

Et ass immens wichteg, datt mir genuch B-Arbiteren hunn fir all eis Compétitiounen optimal organiséieren ze kënnen. Dowéinst zéckt net fir matzemaachen, wann der dofir interesséiert sidd.

Umeldungen ginn nach bis de 16. Februar ugeholl. Wann der weider Detailer wësse wëllt, frot bei ärem Veräin no fir déi komplett Informatiounen.

FLDE - Fédération Luxembourgeoise des Échecs

3 weeks 5 days ago

7. Ronn vum Championnat: Déifferdeng vergréissert seng Avance Um leschte Spilldag virun der Réckronn gewënnt Déifferdeng am Spëtzematch däitlech géint den Iwwerraschungszweeten Diddeleng a vergréissert domatter säi Virsprong op 4 Punkten op den Trio Iechternach, Diddeleng a Bouneweg. Weider geet et den 1. Mäerz mam Optakt vun der Réckronn. All d'Resultater an d'Tabellen: resultats.flde.lu 📷 Impressioune vun Déifferdeng mat ënner aneren dem Match Déifferdeng - Diddeleng ------ 7th round of the championship: Differdange extends its Lead On the final matchday before the return round, Differdange claimed a clear victory in the top-of-the-table clash against surprise runners-up Dudelange, thereby extending its

FLDE - Fédération Luxembourgeoise des Échecs

4 weeks 7 hours ago

COSL Sportsdag @ Belle Etoile Bertrange 🤩

FLDE - Fédération Luxembourgeoise des Échecs is in Centre Commercial "La Belle Etoile".

4 weeks 2 days ago

Dëse Samschdeg organiséiert de COSL de Sportsdag an der Belle Etoile zu Bartreng. Och de Schachsport ass mat dobäi 🤩

Merci un d'Schachveräiner vu Stroossen a vu Mamer fir eis Passioun do ze vertrieden.

Kommt gäre laanscht a maacht och Reklamm fir eise Stand 😊

-------------------------

This Saturday, the COSL is organizing Sports Day at Belle Etoile in Bartrange. Chess will also be part of the event 🤩

Many thanks to the chess clubs from Strassen and Mamer for representing our passion there.

Feel free to stop by and help promote our stand as well 😊

FLDE - Fédération Luxembourgeoise des Échecs

1 month 1 week ago

D'Schachfédératioun sicht e Gestionnaire (20 Stonnen/Woch) fir déi gewielte Memberen vum Verwaltungsrot an de Kommissiounen ze ënnerstëtzen.

Méi Informatiounen iwwert de Profil vum Posten op 👉 www.flde.lu/news/jobs/

Deadline: 25. Januar. Kandidaturen oder Froen un job@flde.lu

FLDE - Fédération Luxembourgeoise des Échecs

1 month 2 weeks ago

Fraen-Europameeschterschaft zu Monaco - Elvira Berend 25. am Rapid-Chess Just 10 Deeg no der WM sinn de leschte Weekend zu Monte-Carlo d'Europameeschterschaften am Blitz- a Schnellschach fir d'Frae gespillt ginn. Am Blitz huet d'Elvira Berend mat 4,5/6 uerdenlech ugefaangen, dono allerdéngs leider 5 Partien noeneen verluer. Mat 1,5/2 zum Schluss war et schlussendlech mat 6/13 fir déi 71. Platz dirgaangen. Et ka leider net ëmmer sou perfekt lafen wéi nach am Dezember zu Doha. Déi zwee Deeg dono huet d'Elvira awer am Rapid-Chess rëm nees eng ganz gutt Leeschtung gewisen. Mat 7 vun 11 Punkten ass eis Groussmeeschterin op déi

FLDE - Fédération Luxembourgeoise des Échecs

1 month 2 weeks ago

6. Ronn vum Championat - Déifferdeng mat engem weidere Big Point Nom 6. Spilldag gesäit et ëmmer méi esou aus, wéi wann Déifferdeng d'Dominanz vun Iechternach aus de leschte Joeren duerchbrieche kann. Am Spëtzematch vu gëschter huet Déifferdeng mat 18:14 zu Iechternach gewonnen a läit mam Maximum vun de Punkte weider un der Spëtzt. Hannendrun läit d'Iwwerraschungséquipe vun Diddeleng mat réischt enger Défaite, dono kommen den Titelverdeedeger Iechternach a Bouneweg mat schonn zwou Défaiten. D'Resultater wéi gewinnt op resultats.flde.lu ----------- 6th Round of the Championship – Differdange with Another Big Point After the 6th matchday, it’s looking more and more

FLDE - Fédération Luxembourgeoise des Échecs

1 month 3 weeks ago

D'Schachfédératioun geet nei Weeër! Mer si frou, datt mer mat der Ënnerstëtzung vum Sportsministère eng haaptberufflech Persoun (20 Stonnen/Woch) kënnen astellen, fir déi gewielte Memberen vum Verwaltungsrot an de Kommissiounen ze ënnerstëtzen. Méi Informatiounen iwwert de Profil vum Posten op 👉 www.flde.lu/news/jobs/ D'Deadline ass de 25. Januar. Kandidaturen oder Froen un job@flde.lu ------ The Chess Federation is taking new steps! We are pleased to announce that, with the support of the Ministry of Sports, we can hire a part-time professional (20 hours/week) to assist the elected members of the Board and the Commissions. Find more details about the position profile

FLDE - Fédération Luxembourgeoise des Échecs

1 month 3 weeks ago

Sympathesche Video vun der Partie tëscht dem Fred an dem Levon Aronian an der 2. Ronn vun der Blitz-WM zu Doha, wou de Fred sengem Géigner alles ofverlaangt, dësen awer alles anescht wéi Starallüren weist.

A very likeable video of the game between Fred and Levon Aronian in the second round of the Blitz World Championship in Doha, where Fred demands everything from his opponent, who in turn shows anything but star airs.

FLDE - Fédération Luxembourgeoise des Échecs

1 month 4 weeks ago

Elvira Berend no ganz staarker Leeschtung op Plaz 43 vun der Blitz-WM 🤩 D'Elvira war jo super mat sensationnelle Victoiren géint GM Tingjie Lei (Nr 3 vun der Welt) an GM Alexandra Kosteniuk (Nr 9 vun der Welt am Blitz) an d'Turnéier gestart. An der 6. Ronn huet d'Elvira dann der aktueller Weltmeeschterin Wenjun Ju nach e Remis ofgeholl. No 5 Partien noeneen géint Top10-Spillerinnen waren déi lescht 3 Ronne vum éischten Dag méi schwiereg, mee haut ass et direkt nees besser lass gaangen. Mat 3,5 Punkten an de 5 Ronne vun haut - just géint GM Humpy Koneru (Nr

[the-post-grid id="3424" title=""]