Home News
Rapid Chess Terres rouges - November
🥇 Aleksei Aliferenko (Déifferdeng)
🥈 Merhawi Samuel (Stroossen)
🥉 Ivan Kostyukovich (Stroossen, first youth player)
38 players participated in this FIDE rated rapid chess tournament
Beim Small Nations Turnéier zu Zypern schléisst Lëtzebuerg schlussendlech op der 4. Plaz ënner 10 Equipen of. An der 7. Ronn gouf et leider eng knapp 1,5:2,5-Défaite géint eng staark Equipe vun Andorra, déi de Match och verdéngt gewonnen hunn. Zum Schluss goufen et zwou kloer Victoiren géint Jersey (4:0) a San Marino (3,5:0,5). Domatter huet d'FLDE-Equipe 6 Victoiren, ee Gläichspill an zwou Défaiten um Konto. Besonnesch déi éischt zwou Ronnen mat de ganz onglécklechen Punktverloschter géint Zypern (2:2) a Färöer-Inselen (1,5:2,5) hunn domatter e bessert Resultat verhënnert. Folgend Spiller sinn zum Asaz komm: 1. IM Michael Wiedenkeller (Iechternach) mat
Nom schwieregen Ufank ass et an de Ronnen dono beim Small Nations Turnéier an Zypern besser gelaf. Ronn 4: 4:0 géint Malta Domatter den zweet 4:0-Victoire noeneen. Ronn 5: 2,5:1,5 géint Monaco Bei dësem Turnéier ass Monaco mat sengen zwee Grousmeeschteren ëmmer e schwieregen Dauerkonkurrent fir eis. De Michael huet séier de GM Efimov neutraliséiert, an op den zwee leschte Briefer hunn de Philippe an de Marc souverän gewonnen. De Fred stoung och laang gutt géint de GM Bagheri, misst sech spéider awer geschloe ginn. Ronn 6: 3:1 géint Liechtenstein Eng gelonge Revanche nom 2:2 vum leschte Joer bei der
No engem schwieregen Ufank gouf et de Moien déi 1. Victoire 1. Ronn: 2:2 géint Zypern Bei sengem Comeback an der Nationaléquipe huet de Philippe souverän gewonnen. Leider huet sech dem Fred säi Leeferaffer schnell als falsch rausgestallt an hien huet d‘Partie verluer. 2. 1,5:2,5 géint Färöer-Inselen Géint den Turnéierfavorit konnte mer gëschter bal fir d‘éischt no ville Joere gewannen. No engem séiere Remis vum Michael géint hire Groussmeeschter Ziska huet et gutt ausgesinn, mee leider huet de Philippe an enger besserer, mee komplizéierter Stellung een onglécklechen Zuch gespillt a verluer, grad sou wéi dem Fred. Trotz dem Elvira senger
Haut fänkt zu Larnaka (Zypern) déi 9. Équipemeeschterschaft vun de Small Nations un. An der 1. Ronn spillt Lëtzebuerg géint Zypern. All d’Resultater: s3.chess-results.com/tnr1291709.aspx?lan=1&art=2&flag=30&SNode=S0 Live-Partien: www.chess.com/events/9th-esna-chess-championship-2025/games ————————————- The 9th Small Nations Team Championship is kicking off today in Larnaca (Cyprus). In the first round, Luxembourg will play against Cyprus. Results: s3.chess-results.com/tnr1291709.aspx?lan=1&art=2&flag=30&SNode=S0 Live Games: www.chess.com/events/9th-esna-chess-championship-2025/games
Lucien Kessler (1937 - 2025) Haut huet eis am Alter vun 88 Joer de Lucien Kessler fir ëmmer verlooss. De Luss war en Unikat am Lëtzebuerger Schach an ëmmer e jovialen an interessante Gespréichspartner nieft dem Briet. Iwwer Joerzéngten huet de Luss sech awer och engagéiert, datt souwuel a sengem laangjärege Veräin Esch-(Rochade-)Reine, mee awer och op nationalen Niveau. Onvergiess si seng Meritten, déi hien aus enger Mëschung aus Idealismus, positiver Stuerheet a Motivatioun ëmgesat huet, fir “säi” Jugendopen ze organiséieren, an enger Zäit wou esou Turnéieren fir d’Kanner éischter eng Ausnam waren. Eng éischt Editioun huet de Luss a
11e Coupe de la Commune de Bettembourg
🥇 Gilles Daubenfeld
🥈 Jeoffray Cosson
🥉 Jesus Calleja
👏 un de Cercle des Échecs Bettembourg fir déi flott Organisatioun
Den Ament leeft zu Budva (Montengro) d'Jugendeuropameeschterschaft, un där 15 FLDE-Spiller deelhuelen. Wéi gewinnt ass den Niveau bei enger EM enorm héich an all Punkt ass schwéier erkämpft, mee no enger gudder 5. Ronn mat 9 (!) Punkten fir 🇱🇺 virum Roudag vun haut gesäit et nees besser aus. Als Traineren sinn den GM Alberto David, FM Cédric Paci an CM Stefan Maltezeanu dobäi, Chef de délégation ass den FLDE-Vizepräsident Serge Brittner. Hei all d'Resultater vun eise Spiller: s3.chess-results.com/tnr1282652.aspx?lan=1&art=25&fedb=LUX&turdet=YES&flag=30&SNode=S0 -------------- The European Youth Championship is currently taking place in Budva (Montenegro), with 15 FLDE players participating. As always, the level
Iechternach an Déifferdeng an Top 40 - Exzellent Performance vum Nicolas Bourg Beim 40. Europacup fir Vereäinséquipen hunn Iechternach an Déifferdeng iwwerzeegt a si mat jeeweils 3 Victoiren, 2 Gläichspiller an 2 Défaiten op d'Plazen 31 an 38 ënner 102 Équipë komm. Bësse méi schwiereg war et dogéint fir Bouneweg: Bouneweg I ass 57. ginn, Bouneweg II ass op d'Plaz 96 komm. Fir déi beschten Eenzelleeschtung aus lëtzebuergescher Siicht huet den Nicolas Bourg mat 6 vu 7 méigleche Punkten an enger Elo-Performance vun 2.437 Punkten gesuergt. Dank dëser Leeschtung wäert den Déifferdenger Jugendspiller mat grad mol 17 Joer an den
Zu Rhodos beim Europacup sinn net just 4 Équipen aus 3 lëtzebuergesche Veräiner an der Open Section am Asaz. Och eng Dammenéquipe vu Bouneweg ass dobäi, an dobäi eng enorm staark besaten Équipe mat ënner aneren zwou aktuellen Europameeschterinnen an enger Vize-Europameeschterin. 💪 Och wann déi éischt Ronnen schwiereg waren, ass d'Chance fir e gutt Resultat do: 🔗 s1.chess-results.com/tnr1250660.aspx?lan=1&art=61&fed=LUX&turdet=YES&flag=30&SNode=S0 📸 ECU & European Chess Club Cup --------------------------------- At the European Chess Club Cup in Rhodes, Luxembourg is represented not only by four teams from three clubs in the Open Section — but also by a women’s team from Bonnevoie. And
Den Ament leeft zu Rhodos den Europacup, wou mat Bouneweg, Iechternach an Déifferdeng dräi lëtzebuerger Veräiner vertruede sinn. Hei all d'Resultater vun de lëtzebuergeschen Équipen an der Open-Section: 🔗 s1.chess-results.com/tnr1250658.aspx?lan=1&art=20&fed=LUX&turdet=YES&flag=30&SNode=S0 📸 European Chess Club Cup ---------------- The European Club Cup is currently taking place in Rhodes, with three Luxembourgish clubs — Bouneweg, Echternach, and Differdange — proudly representing the country. Check out all the results of the Luxembourgish teams in the Open Section here: 🔗 s1.chess-results.com/tnr1250658.aspx?lan=1&art=20&fed=LUX&turdet=YES&flag=30&SNode=S0 📸 European Chess Club Cup
Zu Durres (Albanien) ass gëschter d'Jugend-WM an de Kategorien U14, U16 an U18 zu en Enn gaangen. ♟️D'FLDE war duerch dräi Spiller vertrueden. ✅ Den Axel an de Santiago hu mat 5 respektiv 4,5 vu 11 méigleche Punkten e stabilt Turnéier gespillt. 💪 De Ludwig hat et bësse méi schwiereg an huet schlussendlech 3 Punkte gemaach. 📊 All d'Resultater: s3.chess-results.com/tnr1265987.aspx?lan=1&art=25&fedb=LUX&turdet=YES&flag=30&SNode=S0 👏 Bravo un allen dräi fir d’Representatioun vu Lëtzebuerg op der Weltbün! ------- The Youth World Championship in Durres (Albania) in the U14, U16, and U18 categories came to an end yesterday. ♟️ FLDE was proudly represented by three players:
De Sonndeg war déi 2. Ronn vum Équipechampionnat. Am Spëtzemätch huet de Champion Iechternach trotz enger Rei Ausfäll knapp zu Bouneweg gewonnen. Fir ganz wichteg Punkten hu mam Matthieu Zeien an Noa Zaccaria zwee Jugendspiller gesuergt. 📊All d'Resultater sti wéi gewinnt op resultats.flde.lu/ 📸 Dës Kéier puer Impressioune vun Diddeleng ------------------------ Sunday marked the second round of the team championship. In the top match, reigning champions Echternach secured a narrow win in Bonnevoie despite several absences. Two youth players, Matthieu Zeien and Noa Zaccaria, played a key role in securing crucial points. 📊 As always, all results are available at:
🎯 An et ass nees souwäit: gëschter huet mat der éischter Ronn vum Équipechampionnat d'Saison 2025/2026 sou richteg ugefaangen. 📊 All d'Resultater vun der éischter Ronn: 👉 resultats.flde.lu 📸 An e puer Impressioune vun de Mätscher, déi zu Déifferdeng ausgedroe goufen. -------------------------- 🎯 The season has officially begun! Yesterday marked the exciting start of the 2025/2026 season with the first round of the Team Championship. 📊 Check out all the results from Round 1: 👉 resultats.flde.lu 📸 And take a look at some impressions from the matches that were played in Differdange.
Den Ament leeft zu Almaty am Kazachstan d'Jugend-WM an de Kategorien U8, U10 an U12, wou och 8 lëtzebuergesch Spiller am Asaz sinn. Hei d'Resultater vun den FLDE-Spiller: s2.chess-results.com/tnr1234781.aspx?lan=1&art=25&fedb=LUX&flag=30&turdet=YES&SNode=S0 Merci eise Spiller fir de flotte Présentatiouns-Video, deen am Virfeld erstallt gouf. ---------------------------------------------- At the moment, the Youth World Championship is taking place in Almaty, Kazakhstan in the U8, U10 and U12 categories, with 8 Luxembourgish players participating. Here are the results of the FLDE players: s2.chess-results.com/tnr1234781.aspx?lan=1&art=25&fedb=LUX&flag=30&turdet=YES&SNode=S0 Thanks to our players for the great presentation video that was created beforehand.
Gëschter war zu Iechternach de mëttlerweil schonn traditionnelle Jugenddvergläichsmatch géint den SVDB, dem Schachverband vum däitschsproochegen Deel aus der Belsch. No zwou Partien huet Lëtzebuerg sech mat 15,5:8,5 duerchgesat. Trotz dem staarke Resultat vun eiser Jugend steet de frëndschaftlechen Echange mat eise belsche Kollegen an d'Erfarungen, déi d'Spiller sammele konnten, am Mëttelpunkt. Yesterday in Echternach, the now traditional youth friendly match took place against the SVDB, the chess federation of the German-speaking part of Belgium. After two rounds, Luxembourg secured a 15.5–8.5 victory. Despite the strong result from our youth team, the focus was on the friendly exchange with our
E ganz interessanten a sympatheschen Interview (op englesch) mat „eisem“ Fiona op Chessbase.de ♟️
Top Leeschtung vun eiser Jugend 👏 ⚡️ Den Nicolas Bourg kënnt bei der Blitzeuropameeschterschaft op déi exzellent 5. Plaz an der U18-Kategorie. Virun der Schlussronn war hie souguer nach op der 3. Plaz, mee fir déi ganz grouss Sensatioun ass et leider net dirgaangen. 🌟 D‘Sevda Reding kënnt am Schnellschach bei den U18-Meedecher an d‘Top 10 an huet domatter schonn nees en Top-Resultat op internationalen Niveau ofgeliwwert. Top performance by our youth players 👏 ⚡️ Nicolas Bourg finishes in an excellent 5th place at the Blitz European Championship in the U18 category. Before the final round, he was even in
[the-post-grid id="3424" title=""]